

Schreiwe gehéiert zu mengem Liewen. An der Pensioun kann ech ët net loossen. Ech hu mäi Liewe laang geschriwwen, an ëmmer gär. Leider hunn ech laang Zäit vu mengem Liewe keng Geleeënheet gehat, meng Mammesprooch ze schreiwen. Däitsch a gär och franséisch ware meng Schreifsproochen.
Wéi ech ugefaang Lëtzebuergesch ze schreiwen, hunn ech dat richteg genoss. Net, well et einfach war. Als gestaanene Journalist hunn ech meng Mammesprooch an hier Feinheete musse léieren. An ech schreiwen ëmmer nach Feeler, och wa meng Feeler dacks just Onzefriddenheet mat der offizieller “Recht”schreiwung ausdrécken. (Mäi Kritär ass d’Logik, och wa si a Ministären anerer Meenung sinn.)
Biografesch bedéngt ass meng Loscht, an e puer Sproochen ze schreiwen. Duerfir experimentéieren ech hei mat Iwwersetzungen a mat KI, déi ech mer erlaaben ze korrigéieren, wann et néideg ass.
E Blog ass nun eng ganz nei Erfarung fir mech, no dem Erausfuerderunge vu qualitativ héichwäertegem Journalismus a vu vill Presseaarbecht fir eng politesch Partei. Hei wëll ech just e puer Iddiën ubréngen, heindsdo schaarf, mee ni mat der Absicht, een ze toufen. Wat ech wëll hei schreiwen, sinn (oder waren) meng Gedanken. Si kënne sech souguer, je no Stëmmungslag, Gemiddszoustand an Ëmstänn widderspriechen, solle sech widderspriechen, well et ass ni gutt, just eng Iddi am Kapp ze hunn. De Kapp zeechent sech elo schonn als rout Linn duerch dëse Blog of. Duerfir ass et, fir Leit, déi mech kennen, och kee Wonner, datt ech meng Einleitung hei mat Féiss illustréieren. Well de Mënsch besteet net just aus Kapp. A mengem si vill Aflëss fir déi ech wëll merci soen. Dat geet vu mengen Elteren, déi mech studéiere gelooss hun, iwwer d’Schoulmeeschter an der Diddelenger Primärschoul bei “Proffen” am Escher Jongelycée a meng Cheffen, awer och bei Kënschtler, déi mech besonnesch markéiert hun. Politesch däerft Der mech gär konservativ nennen, ni neoliberal. Philosophesch kéint ech an der Këscht vun de Stoiker landen, awer sécher net bei den Optimisten. Kulturell sinn ech en Diddelenger Aarbechterkand mat grousser Loscht fir alles, wat mënschlecht Zesummeliewen méi spannend mécht an d’Leit dozou bréngt, hirt Gehier sënnvoll anzesetzen. Dat ass och den Zweck vun dësem Blog. A fir datt et net zevill langweileg gëtt, wäert ech all Artikel mat perséinleche Photoen illustréieren, déi meeschtens näischt mam Text awer dacks eppes mat menger zweeter Heemecht ze dinn hun.




Leave a comment