Risikofräi?



, , , , ,
Bei den originale Post
English
Deutsch
Español
Français

Hei ass de Grond, firwat ech relativ laang näischt gepost hunn. Ech wëll an dësem Post vu Risike schwätzen. Abee, wann Är zäitlech Ofleef gutt gereegelt sinn an Ären Dag op geuerdente Pade verleeft, dann ass  dat hei definitiv e Risiko fir alles op d’Kopp ze geheien.

Virun 300.000 Joer huet sech den Homo sapiens entwéckelt, als bescht a bis elo lescht Variant vun engem Prozess, dee méi wéi 6 Millioune Joer virdrun ugefaang hat.  Deemools hunn eis Virfaren ugefaang, sech vum Af ewech ze entwéckelen. Eng Ursaach fir dës Entwécklung, déi de Planéit sollt veränneren, war deemools schonn de Klimawandel. 250.000 Joer méi spéit huet den Homo sapiens dunn Afrika hannert sech gelooss an huet de Rescht vum Globus fir sech entdeckt.

E wäite Wee fir dee klenge Primat, dee vir d’éischt de séchere Schutz vun de Beem verlooss an decidéiert huet, datt alles, wat fir säi Bestand wichteg ass, éischter um Buedem wéi an de Blieder vun de Baamkrounen ze fanne wär.

A wat huet hien a seng Nokommen net alles fonnt an erfonnt? Wat allerdéngs ni fonnt ginn ass, war e Kontrakt, deen eis dëse Buedem als sécheren Hafen, als risikofräi Zon versprach hätt. Esouguer an der Bibel ass dat „untertan machen“ en Uerder oder esouguer eng einfach Suggestioun, eng potenziell Entwécklung also. An deem bibleschen Uerder si mer nach ëmmer net nokomm, well d’Natur fuerdert all Joer nach ëmmer hiren Tribut u Mënschen an u Material. A siwe Millioune Joer konnte mär dodrun näischt änneren. Jo, mär wëssen emol net mat Sécherheet, wat et nach op der Äerd ze entdecke gëtt. An de Vergiess geréit no an no, datt mär ëmmer nach selwer e Stéck Natur sinn, e Stéck, dat d’Gesetzer vun dëser Natur net unilateral ausser Kraaft setze kann.

Mär liewen nach ëmmer an enger feindlecher Ëmwelt. Mär sinn zwar d’Spëtz vun der Narungsketten, awer eis natierlech Feinde laueren nach ëmmer drop, datt mer ee Moment net oppasse fir eis d’Fudder oder d’Liewen ze klauen. Kee Joer vergeet, ouni datt en Tourist an engem Déierepark, en Taucher oder en Déierefuerscher säi Liewe léisst.

Allerdéngs entwéckelt sech a groussen Deeler vun eiser Gesellschaft de Wonsch no engem Nullrisiko-Kontrakt. Dee kann et awer net ginn. Mär sinn alleguerten total iwwerverséchert a wëssen emol net, watfir real a manner real Risiken ofgedeckt sinn. Mär wëllen den totale Schutz viru Krankheete mee mer schafen ëmmer neier. Denke mer un d’geckeg Kéi, wou mer definitiv wëssen, wat mer ugeriicht hunn. Mär wëllen total onrealistesch null Doudeger am Stroosseverkéier, enger Aktivitéit mat héiger Felerufällegkeet a Suizidpotential. Mär hunn „als Sécherheet“ Munitioun ugeheeft fir de Planéit 1000 Mol ze sprengen, an trotzdeem hu mer kee Krich verhënnert. Mär ziddere virun engem Klimawandel a probéiere fir d’xte Kéier eise Kapp géint d’Natur duerchzesetzen. Fréier hu mer eis bei esou Geschichten op d’Relioun verlooss, haut danzen déi Politiker, déi de reliéisen Afloss an eiser Gesellschaft ageengt hunn, de Reendanz a gaukelen eis fir, si hätten e Rezept géint de Klimawandel.

Ech ka mech nach gutt un eng Hëtztwell erënneren, wou et Doudeger duerch Dehydréierung gi sinn, besonnesch an Heemer fir eeler Leit. Europa huet dorop mat engem Milliardeprogramm un Investitioune geäntwert mat Klimaanlagen a Loftbefiichter. Et war Geld zur Fënster erausgehäit, an déi deier Apparater sinn haut warscheinlech all vermuuscht. Wann et emol méi waarm gëtt, passt d’Personal vun deenen Heemer awer besser op, datt hir Gäscht och drénken.

Wéi fanatesch mer d‘total Sécherheet sichen, weist, wéi Entreprise sech viru juristesche Konsequenze schützen. D’Mikrowell kann natierlech net als Fön fir Hausdéiere gebraucht ginn, mee muss dat sécherheetshalwer an all Gebrauchsuweisung vu Mikrowelle stoen?

Mär reagéiere besonnesch an Europa ganz materialistesch op esou natierlech Erausfuerderungen a geheie gär mat Suen no Geforen, déi sech presentéieren. An d’Politik reagéiert maximalistesch, well an enger Zäit vu sozialen Netzwierker alles muss verstäerkt an iwwerdriwwe ginn. D’Politik huet esou d’Méiglechkeet, hir Positioun an der Gesellschaft ze festegen an hir Fuerderungen ze ënnermaueren. Dat leeft dann drop eraus, datt de Bierger e bësse manner fräi, e bësse méi kontrolléiert ass, well dat ongemiddelt Stëmmvollék kann op dee Wee an der Gitt gehale ginn an sengen Helden vum Nullrisiko mam Stëmmziedel Merci soen. ET gëtt och ëmmer genuch Leit, déi fir dës Sécherheet, déi keng ass, en deiere Präis vu Fräiheet bezuelen.

An iwwerdeems ëmmer nach eis Ëmwelt e feindleche Raum ass, dreiwe mär eist Sécherheetsbedürfnis op d’Spëtz. Och an der mënschlecher Interaktioun soll näischt méi d’Wuelbefannen vum Eenzelnen stéieren. Kee Wuert, keng Dot, keng Attitüd soll déi Leit veronsécheren, déi gutt sinn an d’Wourecht gepacht hunn. Wiem seng Wourecht?

Mäin Argument ass, datt den Äffchen, dee vum Bam geklommen ass, aner Prioritéite wéi seng „absolut“ Sécherheet hat an nach ëmmer huet. Un éischter Plaz stoung do de Fortbestand vu senger Zort an d’Entwécklung vu sengem Liewen. Hien huet de Wee an de Risiko gewielt. Paradoxerweis ass an den iwwerversuergten, iwwersozialiséierten an iwwerversécherten Industrienatiounen de Wonsch no nach méi Sécherheet am héchsten. A Sécherheet ass hei e ganz wäit gefaasste Begrëff, dee bis zur Kamouditéit geet. Mee wann e Virus „zu eiser Sécherheet“ d’Fabricken unhält, déi eis ernären, wann d’Angscht viru méi waarme Wieder mat méi héijem Mieresspigel eis Industrie zum Stoe bréngt, wa Fortschrëtt net méi méiglech ass, well net méi kontrovers diskutéiert gëtt oder einfach wann d’Dauwen an eise Stied ausgerott ginn, well si eis al Steng futti maachen, dann hu mer als Gesellschaft d’Schlappe verluer.

Well wann et drëm geet eis al Sténg an eisen Dierfer duerch Betongsklätz ze ersetzen, zécke mer net. Wa Waffe verkaf an agesat solle ginn, ass de Klima egal. A wann an Afrika Krankheeten, déi mat e puer Frang ze heele wären, grasséieren, gëtt et kee Produktiounsstopp duerch Quarantän.

Éierlech Politik géing einfach agestoen, datt et total Sécherheet net gëtt. Datt ee net ka Milliounen Migranten op e Kontinent loossen, ouni nach méi Kriminalitéit ze importéieren. Datt et keng Äntwert op Covid gëtt, ausser net klinesch getesten experimentelle Sprëtzen … mat héijem Risiko. Datt Klimawandel zwar och mat mënschlecher Aktivitéit zesummenhänkt, mee datt dësen och zur natierlecher Entwécklung vun der Äerd am Universum gehéiert. An datt eng verantwortungsvoll Politik net d’Welt mat Milliardenausgabe belaaschte ka fir eppes, wat sech zënter Millioune Joer ëmmer nees widderhëlt.

Éierlech Politik probéiert och net, hir Bierger an esou en Ofhängegkeetsverhältnis ze drécken, wou déi sech et relativ kamoud kënne maachen. All Decisioun huet e gewësse Risiko. An deen, deen de Risiko ageet (a méiglecherweis och vu senger Decisioun eng Zäit profitéiert, ier et schief geet), huet d’Verantwortung e Plang B ze sichen (an net nom Staat ze jäitzen). Et ass net um Staat fir all eis Decisiounen e Sécherheetsnetz ze liwweren. Well déi Netzer gi leschten Enns nees vum Bierger bezuelt. A si sinn net perfekt, well all Netz huet ebe Maschen, duerch déi och séier ee ka falen.

Eise Primat vu virun 300.000 Joer huet ofgewien, wat fir hien am beschte wär. Seng Nokommen hunn d’Welt erobert. Awer haut geet e Virus duer fir dës Welt un d’Stoen ze kréien. Den Homo sapiens huet d’Balance verluer tëscht Risiko, Eegeverantwortung a noutwennegem staatlechem Agrëff. De Staat ass dat noutwennegt Iwwel, dat verhënnert, datt mer eis all Dag un d’Guergel ginn … hie kann net iwwer 8 Milliarde Mënschen hirt deeglecht Liewen diktéieren. Dat mécht just d’Natur.

Comments

Leave a comment