Category: Moral

  • B … new world

    • Name Shield
    • Loma Santa Isabel
    • San Felipe
    • Danzhal
    • Och San Felipe
    • Navidad

    Andréck vu Puerto Plata an der DomRep. Wéi versprach nerven ech net mat intellektuellen Illustratiounen zu abstrakten Iddien.

    Bei den originale Post
    Text in English
    Text auf Deutsch
    Texto español
    Texte français

    Eis ass vläicht de Kapp ze fréi zougewuess. Vläicht hänke mer awer och nach ëmmer un deem, wat sech als Mythologie festgesat huet: Rock ‘n’Roll, Mee 1968, Woodstock an Hippy-Kultur, Punk …

    Net, datt mer d’Onzoulänglechkeeten net gesinn: Mee zesumme mam Optimismus, der Opbrochstëmmung an der ganzer Kulturszen hat sech a menger Jugend wuel d’Hoffnung op eng déifgräifend Ännerung an der Welt gehalen. Wat soll ech soen: Ech ( a vill Kolleegen, mat deenen ech konnt schwätzen) verstinn d’Welt net méi. An dacks ass dat deen éischte Saz, deen ausgetosch gëtt, wann ee sech erëmgesäit.

    Mär liewen natierlech net an enger grousser Diktatur oder an enger Welt mat manner Méiglechkeete wéi viru 50 Joer. Mee mir gesi fir d’éischt offensichtlech Bestriewungen, fir Meenungen ze ënnerdrécken oder op mannst aus der ëffentlecher Diskussioun erauszehuelen. Fabuléieren, Zukunften entwerfen, spekuléieren, senger Phantasie fräie Laf loossen féiert haut an e reegelrecht Minnefeld. A séier lant een an der sozialer Veruechtung, der Exklusioun. Dat schéngt, onofhängeg dervun, ob ee Saache seet, déi kéinte stëmmen, d’Wonnerwaff ze sinn mat där déi ondisziplinéiert Mënscheband kann un d’Léngt geluecht ginn.

    Wat mech am meeschte schockéiert, ass, wat ech eng moralesch Ëmpolung nennen. Nieft dem Gulag an enger och deemols schon dacks iwwerdriwwe beschriwwe “rouder” Bedrohung, waren déi Haaptvirwërf, déi de sowjetesche System gemaach kritt huet, déi staatlech gefërdert Denunziatioun, dat Mësstrauen, dat tëschent Eltere a Kanner geséit gin ass, an d’Instrumentaliséierung vun der Psychiatrie als Ënnerdréckungsinstrument. Elementer, déi sech haut am demokratesche Westen ouni Hemmungen als berechtegt Uleies ëremfannen. Denunzéieren (bei der Poliss oder all selwer ernannter Internet-Poliss), fir verréckt erklären (Alu-Hut), de Kanner zum Affekot géint hir Elteren roden, all dat gëtt haut, keng 40 Joer duerno, ouni mat der Wimper ze zucken, gutt geheescht.

    Intressant ass awer och, datt am nemmlechten Otemzuch Methoden, déi de Westen am Kale Krich ganz transparent a mat engem gewësse Stolz géint de kommunistesche Block agesat huet, haut als kriminell an onzoulässeg duergestallt ginn. Sécher huet Russland, hunn Nordkorea, China an islamistesch Terrorgruppe séier a gutt verstanen, den Internet an d’sozial Medie fir hir Propaganda ze nëtzen. Genausou wéi de Weste viru 60 Joer a wärend dem ganze Kale Krich mat iwwerleeënen finanziellen an technesche Mëttelen den Ostblock mat prowestleche Medien (Radio Free Europe a vill anerer) iwwerschwemmt huet.

    Wien huet de Kale Krich gewonnen, wa sech haut d’Methode vun der UdSSR bei eis esou breet maachen, ouni datt (méi) een eppes derbäi fënnt?

    Dat ass fir en eenzelne Mënsch, dee bis Enn den 1980er Joren e ganz aneren Diskurs ze héire krut, vill ze verkraften. Et ass awer net alles, wat geännert huet. Wärend ee fréier mat Statistik beweise konnt, wat ee beweise wollt, sinn et haut Computermodeller, déi all Behaaptung kënne beleeën. De gudde Winston Churchill géing un dëse Superstatistike warscheinlech verzweifelen, well hien hät guer net d’Kenntnesser fir se selwer ze fälschen. Mee esou Modeller gi vu Mënsche gefiddert, déi wëssen, wat si gär ënnert dem Strich stoen hätten.

    Déi ëm sech gräifend Modelliséierung vun der Géigewaart an der Zukunft, ass och d’Basis vun engem gelungene Verständnis vu Wëssenschaft. Nei Technologien sinn an der Vergaangenheet agefouert ginn, wann hir Risiken akzeptabel waren, wat net geheescht huet, datt si null waren. Wann ech just den Thema Elektro kucken, setze mer haut op eng Technologie, déi net geséchert ass, an der Hoffnung, datt déi néideg Fortschrëtter (an der Batterie-Technologie) iergend eng Kéier wäerte kommen an datt eis Wiel dann och wirtschaftlech finanzéierbar ass. Dat ass Vabanque gespillt bei eppes existenziell Wichtegem wéi dem Stroum (an nëmme well verschidde Computermodeller eis eng Klimakris prophezeien).

    Vergläichbar als Risikotechnologie ass déi ëmmer méi grouss Laascht u Stralen, déi de Mënsch ze droen huet. Trotz dem Wëssen ëm Stralegeforen, ginn ongehemmt ëmmer nei Quellen a Betrib geholl. Wien no de Gefore freet, kritt gesot, déi wären nach net erfuerscht, ewéi wann déi Tatsaach eleng de Risiko géing aus der Welt schafen. An och bei der Nanotechnologie geet et esou. Trotz der Gefor vum Asbest, déi viru Jore kloer erkannt gouf, ginn ëmmer méi nei klengst Partikelen op eis Longe lass gelooss … bis eran an eis Zosen a Schéinheetscrèmen.

    E weidere Punkt, dee mer Schwieregkeete mécht, ass déi total Entprivatiséierung, där mer ausgesat sinn. Ech stinn natierlech zur Meenungsfräiheet a wëll och net, datt d’Entwécklung vum Internet an de soziale Medie beaflosst, gebremst, kontrolléiert oder verbuede soll ginn. All Mënsch huet hei eng Eegeverantwortung, wéi wäit hien dës Saachen a säi Liewen wëllt loossen, wéi wäit hie sech wëll beaflosse loossen a wéi hie mat deenen Outilen ëmgeet.

    Allerdéngs verléiere mer all eis Nüancen, wa mer déi Spillecher matspillen. An der Goat-Diskussioun am Fussball (wien ass de Greatest Of All Time?) hätt ech am private Gespréich mat engem Frënd ganz sécher ganz drastesch argumentéiert, fir him ze erkläeren, firwat nëmmen een dat ka sinn, an net gespuert mat destruktiven Urteeler iwwert deen aneren. Ech wousst jo, datt dat ënner véier Ae geschitt an datt een do kann eng Schëpp nogeheie fir de Vis-à-Vis ze beandrocken. Engem Friemen hätt ech gesot, wéi ech déi Saach gesinn … awer ouni vill Negatives iwwert meng zweet Wiel ze verbreeden. An et wär mer ni agefall, eng Zeitungsannonce ze bezuelen, fir datt d’Welt gewuer gëtt, wéi ech dat gesinn. Am Internet-Zäitalter gëtt et déi Ënnerdeelung net méi: D’Goat-Diskussioun spléckt d’Fussballwelt an zwee Lager an esouguer Leit, déi mat deem Sport näischt ze dinn hunn, hunn eng Meenung. A vertriede se, wéi wann nëmmen d’Verdäiwelung an den Haass vun deem engen, deen aneren an der schéinster Luucht géing schénge loossen.

Is this your new site? Log in to activate admin features and dismiss this message
Log In