Category: Wëssenschaft / Science / Wissenschaft

  • Gläich virum Gesetz

    Fir d’Gemidder e bëssen ze berouegen, wëll ech besonnesch den Dammen, déi dëst liesen, e puer schéi Blummen offréieren.

    Bei den originale Post
    English
    Deutsch
    Español
    Français

    Virsaz fir 2026: Ech gi keng Quotefra an och kee Quotemann! Mär verlafen eis, wa mer mengen, mer kéinte per Gesetz d’Ënnerscheeder tëscht de Mënsche verschwannen doen. A mär widderspriechen eis, wa mer an engems fir “Diversitéit” antrieden.

    Zwar hëlleft déi positiv Diskriminatioun (oder affirmativ Aktioun, wéi si och genannt ginn ass) vu soziale Gruppe punktuell, méi esou Leit ënnerzebréngen. Mee de Präis fir si selwer ass héich. Fir d’éischt ze nennen ass den Zweifel un der Kompetenz vun esou bevirdeelegte Persounen. Wa vun 100 Kandidaten der 25 mussen en zoufällegen, net u Kompetenze gebonnene  Krittär erfëllen, bleift dat net aus. An zwar bei alle Persoune vun deem Grupp, och wa si ni vun enger Mesür profitéiert hunn.. De Bevirdeelegten, dee vläicht exzellent Referenzen huet an en Ass op sengem Gebitt ass, weess net, ob dat him d’Plaz bruecht huet oder ob et dach vläicht seng Hautfaarf oder säi Geschlecht war. Säin Aarbechtskolleeg kuckt hie schif als een, deen de Job ergattert huet, ouni e Fanger kromm ze maachen. An eventuell Clienten kënne sech froen, ob si elo mat engem inkompetente Mataarbechter ofgespeist ginn.

    Dat dierft de Grond sinn, datt Afroamerikaner zu deene gréisste Kritiker vun engem System zielen, dee vu Wäisse (1961 vum John F. Kennedy) fir si erfonnt ginn ass. D’Fro sief erlaabt, ob et net déi profitabel Maschinerie, déi hei a Beweegung gesat ginn ass, war, déi vill vu soziale Spannunge geschaf huet. E gudden Deel, vun den Aussoe vum Charly Kirk, déi vu senge Géigner als Rassismus interpretéiert ginn, ass en Hannerfroe vun der Kompetenz vu Leit, déi hir Plaz net duerch hir berufflech Qualifikatioun kritt hunn. 2024 huet d’Iewescht Geriicht an den USA affirmativ Aktioun opgrond vun der Rass verbueden.

    Do ware Lëtzebuerg an d’EU grad monter derbäi, e puer Schëppe bäizegeheien, wat d’Bevirdeelegung vu Fraen an anere Gruppen ob Aarbechtsplazen ugeet. A well an Europa alles méi grouss, méi schéin a méi intelligent soll sinn, wéi an den USA, hu si Positioune viséiert, déi per se héchste Qualifikatioun verlaangen, politesch Mandater a Spëtzepositiounen an der Wirtschaft.

    Lëtzebuerg huet mat der Fërderung vu benodeelegte Gruppen (wéi Fraen an LGBQT, fir nëmmen déi ze nennen) esou richteg lassgeluecht, wéi déi zwou gréisste Stied vum Land Fraen als Buergermeeschter haten an d’Regierung vun engem Homosexuelle gefouert ginn ass. Wat natierlech d’Fro opwerft, ob mäi klengt Land esou Aktiounen iwwerhaapt néideg huet.

    D’Uni Lëtzebuerg huet op eemol véier leedend Fuerschungsplaze fir Frae reservéiert. D’Kandidatinne fir déi Poste wäerte gutt a gär 6 bis zéng Joer Unisstudium hannert sech hunn. Wa si duerno net kapabel sinn, sech an engem normale professionell-wëssenschaftleche Selektiounsverfaren géint männlech Kollegen duerchzesetzen, da si si kaum geeegent, e Fuerschungsdepartement an der haarder internationaler Fuerschungskompetitioun ze féieren. Dee Bonbon vum Rektorat ass fir dës Damme wuel éischter als Frechheet ze gesinn, deen hinnen eng effikass a leedend Aktivitéit wäert vill méi schwéier maachen.

    Kucke mer eist gutt aalt Vulleparlament och nach kuerz, dat zënter zwou Nationalwalen (2018) aus Quotelëschten zesummegesat gëtt. Abee 2023 sinn 18 Fraen an d’Chamber gewielt ginn, manner (!) ewéi 2018 (22). Dat seet wéineg iwwer hir Kompetenz, mee vill iwwert d’Akzeptanz vum Wieler.

    Iwwregens: Fir déi Frae-Quote bei Nationalwalen duerchzesetzen, gëtt e Gesetz mëssbraucht, dat d’Parteiefinanzéierung sollt fair reegelen. Fir kleng Parteie war déi Reegelung zwar ni wierklech fair, mee zousätzlech fäerte si elo finanziell Aboussen, wann net “genuch” Fraen op de Lëschte sinn. D’Gesetz, dat d’Onofhängegkeet vun de Parteie sollt garantéieren an duerfir och an der Chamber gestëmmt ginn ass, forcéiert dës elo, hir Kandidatelëschten, hir Visitekaart also, no Regierungswonsch ze gestalten.

    Kee streit d’Tatsaach of, datt iwwert de Weltglobus verdeelt ongeféier esou vill Frae wéi Männer liewen. Kee streit awer och d’Tatsaach of, dat méi wéi d’Hallschent vun de féirende Wirtschaftspositioune vu Männer besat sinn. Zwou Tatsaachen ouni iergendee Bezuch: Ass deen ee Fakt méi wäert ewéi deen aneren, esou datt een dëse misst änneren? A firwat gëtt d’Paritéit net och a Sportsekippe gefuerdert (wat op mannst am Fussball mat sengen 11 Spiller schwéier wär)? Oder bei den Enseignanten, wou Frae vun der Spillschoul bis Enn Sekondär eng grouss Majoritéit hunn. Ass an dësem liewenswichtege Feld, wou de Staat an der Verantwortung steet, keng Nohëllef fir e besseren Ekiliber vun de Geschlechter  néideg?

    Gläichzäiteg sech widderspriechend Fakten ze gleewen, nennt de George Orwell als een Zeeche vun Diktatur “Double Talk”. Wat anescht ass et, wa Fraen massiv d’Schoul an domat Kannerbetreiung an Erzéiung als Aarbechtsfeld wielen an domat déi Rolleverdeelung, déi d’Quotereegelung wëll opbriechen, bestätegen, an awer eventuell als Enseignant de Feminismus héichhalen?

    Et mécht mär Angscht, wéi Regierungen an net gewielten international Institutiounen ëmmer méi ongenéiert ideologesch an net steierlech motivéiert Reegelungen erfannen, déi Auswierkungen op d’Profitabilitéit vu Betriber kënnen hunn (bei manner qualifizéierte Quote-Salariéen) oder esouguer op eis Demokratie an op d’Onofhängegkeet vun eise Parteien. Am Numm vun enger Ideologie, déi emol net usazweis de Beweis erbruecht huet, datt paritätesch gefouert Betriiber oder e paritätescht Parlament wierklech besser géinge schaffen, jo dat emol net probéiert huet. Dat gëtt einfach behaapt an dierft och mat objektiver wëssenschaftlech fundéierter Statistik net ze beleeë sinn. Et gëtt kee Beweis, datt mer an engem Matriarchat manner Weltkricher gehat hätten.

    Natierlech kann ee bei engem gesellschaftleche Konsens fir gewësse Gruppen, déi als benodeelegt gesi ginn, ze hëllefen, vu staatlecher Säit agräifen. Mee ass eng phantasielos Quot net och en Aarmutszeugnis fir d’Politik? Fënnt déi näischt besseres, ewéi eng Lat ze leeën, déi just mat engem Krittär, deen och nach null Relevanz fir déi weider Aktivitéit huet, kann iwwerspronge ginn? Geziilt Fërderung geet anescht a fänkt wéi esou dacks an der Schoul un. An esou wéi een all Mëssstänn op der Welt an der Wirtschaft net de Männer soll ukreiden, wëlle mer dann der Schoul hirt Versoen aan déi allgemeng Nivelléierung no ënnen bei dëse gesellschaftlechen Themen net de Fraen ukreiden.

    Datt jidderee gläich ass virum Gesetz, ass eng generéis (wann och net wierklech realistesch Iddi. Si sollt net mat Moossname verwässert ginn, déi eenzel Gruppe méi gläich wéi anerer maachen.

  • B … new world

    • Name Shield
    • Loma Santa Isabel
    • San Felipe
    • Danzhal
    • Och San Felipe
    • Navidad

    Andréck vu Puerto Plata an der DomRep. Wéi versprach nerven ech net mat intellektuellen Illustratiounen zu abstrakten Iddien.

    Bei den originale Post
    Text in English
    Text auf Deutsch
    Texto español
    Texte français

    Eis ass vläicht de Kapp ze fréi zougewuess. Vläicht hänke mer awer och nach ëmmer un deem, wat sech als Mythologie festgesat huet: Rock ‘n’Roll, Mee 1968, Woodstock an Hippy-Kultur, Punk …

    Net, datt mer d’Onzoulänglechkeeten net gesinn: Mee zesumme mam Optimismus, der Opbrochstëmmung an der ganzer Kulturszen hat sech a menger Jugend wuel d’Hoffnung op eng déifgräifend Ännerung an der Welt gehalen. Wat soll ech soen: Ech ( a vill Kolleegen, mat deenen ech konnt schwätzen) verstinn d’Welt net méi. An dacks ass dat deen éischte Saz, deen ausgetosch gëtt, wann ee sech erëmgesäit.

    Mär liewen natierlech net an enger grousser Diktatur oder an enger Welt mat manner Méiglechkeete wéi viru 50 Joer. Mee mir gesi fir d’éischt offensichtlech Bestriewungen, fir Meenungen ze ënnerdrécken oder op mannst aus der ëffentlecher Diskussioun erauszehuelen. Fabuléieren, Zukunften entwerfen, spekuléieren, senger Phantasie fräie Laf loossen féiert haut an e reegelrecht Minnefeld. A séier lant een an der sozialer Veruechtung, der Exklusioun. Dat schéngt, onofhängeg dervun, ob ee Saache seet, déi kéinte stëmmen, d’Wonnerwaff ze sinn mat där déi ondisziplinéiert Mënscheband kann un d’Léngt geluecht ginn.

    Wat mech am meeschte schockéiert, ass, wat ech eng moralesch Ëmpolung nennen. Nieft dem Gulag an enger och deemols schon dacks iwwerdriwwe beschriwwe “rouder” Bedrohung, waren déi Haaptvirwërf, déi de sowjetesche System gemaach kritt huet, déi staatlech gefërdert Denunziatioun, dat Mësstrauen, dat tëschent Eltere a Kanner geséit gin ass, an d’Instrumentaliséierung vun der Psychiatrie als Ënnerdréckungsinstrument. Elementer, déi sech haut am demokratesche Westen ouni Hemmungen als berechtegt Uleies ëremfannen. Denunzéieren (bei der Poliss oder all selwer ernannter Internet-Poliss), fir verréckt erklären (Alu-Hut), de Kanner zum Affekot géint hir Elteren roden, all dat gëtt haut, keng 40 Joer duerno, ouni mat der Wimper ze zucken, gutt geheescht.

    Intressant ass awer och, datt am nemmlechten Otemzuch Methoden, déi de Westen am Kale Krich ganz transparent a mat engem gewësse Stolz géint de kommunistesche Block agesat huet, haut als kriminell an onzoulässeg duergestallt ginn. Sécher huet Russland, hunn Nordkorea, China an islamistesch Terrorgruppe séier a gutt verstanen, den Internet an d’sozial Medie fir hir Propaganda ze nëtzen. Genausou wéi de Weste viru 60 Joer a wärend dem ganze Kale Krich mat iwwerleeënen finanziellen an technesche Mëttelen den Ostblock mat prowestleche Medien (Radio Free Europe a vill anerer) iwwerschwemmt huet.

    Wien huet de Kale Krich gewonnen, wa sech haut d’Methode vun der UdSSR bei eis esou breet maachen, ouni datt (méi) een eppes derbäi fënnt?

    Dat ass fir en eenzelne Mënsch, dee bis Enn den 1980er Joren e ganz aneren Diskurs ze héire krut, vill ze verkraften. Et ass awer net alles, wat geännert huet. Wärend ee fréier mat Statistik beweise konnt, wat ee beweise wollt, sinn et haut Computermodeller, déi all Behaaptung kënne beleeën. De gudde Winston Churchill géing un dëse Superstatistike warscheinlech verzweifelen, well hien hät guer net d’Kenntnesser fir se selwer ze fälschen. Mee esou Modeller gi vu Mënsche gefiddert, déi wëssen, wat si gär ënnert dem Strich stoen hätten.

    Déi ëm sech gräifend Modelliséierung vun der Géigewaart an der Zukunft, ass och d’Basis vun engem gelungene Verständnis vu Wëssenschaft. Nei Technologien sinn an der Vergaangenheet agefouert ginn, wann hir Risiken akzeptabel waren, wat net geheescht huet, datt si null waren. Wann ech just den Thema Elektro kucken, setze mer haut op eng Technologie, déi net geséchert ass, an der Hoffnung, datt déi néideg Fortschrëtter (an der Batterie-Technologie) iergend eng Kéier wäerte kommen an datt eis Wiel dann och wirtschaftlech finanzéierbar ass. Dat ass Vabanque gespillt bei eppes existenziell Wichtegem wéi dem Stroum (an nëmme well verschidde Computermodeller eis eng Klimakris prophezeien).

    Vergläichbar als Risikotechnologie ass déi ëmmer méi grouss Laascht u Stralen, déi de Mënsch ze droen huet. Trotz dem Wëssen ëm Stralegeforen, ginn ongehemmt ëmmer nei Quellen a Betrib geholl. Wien no de Gefore freet, kritt gesot, déi wären nach net erfuerscht, ewéi wann déi Tatsaach eleng de Risiko géing aus der Welt schafen. An och bei der Nanotechnologie geet et esou. Trotz der Gefor vum Asbest, déi viru Jore kloer erkannt gouf, ginn ëmmer méi nei klengst Partikelen op eis Longe lass gelooss … bis eran an eis Zosen a Schéinheetscrèmen.

    E weidere Punkt, dee mer Schwieregkeete mécht, ass déi total Entprivatiséierung, där mer ausgesat sinn. Ech stinn natierlech zur Meenungsfräiheet a wëll och net, datt d’Entwécklung vum Internet an de soziale Medie beaflosst, gebremst, kontrolléiert oder verbuede soll ginn. All Mënsch huet hei eng Eegeverantwortung, wéi wäit hien dës Saachen a säi Liewen wëllt loossen, wéi wäit hie sech wëll beaflosse loossen a wéi hie mat deenen Outilen ëmgeet.

    Allerdéngs verléiere mer all eis Nüancen, wa mer déi Spillecher matspillen. An der Goat-Diskussioun am Fussball (wien ass de Greatest Of All Time?) hätt ech am private Gespréich mat engem Frënd ganz sécher ganz drastesch argumentéiert, fir him ze erkläeren, firwat nëmmen een dat ka sinn, an net gespuert mat destruktiven Urteeler iwwert deen aneren. Ech wousst jo, datt dat ënner véier Ae geschitt an datt een do kann eng Schëpp nogeheie fir de Vis-à-Vis ze beandrocken. Engem Friemen hätt ech gesot, wéi ech déi Saach gesinn … awer ouni vill Negatives iwwert meng zweet Wiel ze verbreeden. An et wär mer ni agefall, eng Zeitungsannonce ze bezuelen, fir datt d’Welt gewuer gëtt, wéi ech dat gesinn. Am Internet-Zäitalter gëtt et déi Ënnerdeelung net méi: D’Goat-Diskussioun spléckt d’Fussballwelt an zwee Lager an esouguer Leit, déi mat deem Sport näischt ze dinn hunn, hunn eng Meenung. A vertriede se, wéi wann nëmmen d’Verdäiwelung an den Haass vun deem engen, deen aneren an der schéinster Luucht géing schénge loossen.

Is this your new site? Log in to activate admin features and dismiss this message
Log In