Fir d’Gemidder e bëssen ze berouegen, wëll ech besonnesch den Dammen, déi dëst liesen, e puer schéi Blummen offréieren.

Virsaz fir 2026: Ech gi keng Quotefra an och kee Quotemann! Mär verlafen eis, wa mer mengen, mer kéinte per Gesetz d’Ënnerscheeder tëscht de Mënsche verschwannen doen. A mär widderspriechen eis, wa mer an engems fir “Diversitéit” antrieden.
Zwar hëlleft déi positiv Diskriminatioun (oder affirmativ Aktioun, wéi si och genannt ginn ass) vu soziale Gruppe punktuell, méi esou Leit ënnerzebréngen. Mee de Präis fir si selwer ass héich. Fir d’éischt ze nennen ass den Zweifel un der Kompetenz vun esou bevirdeelegte Persounen. Wa vun 100 Kandidaten der 25 mussen en zoufällegen, net u Kompetenze gebonnene Krittär erfëllen, bleift dat net aus. An zwar bei alle Persoune vun deem Grupp, och wa si ni vun enger Mesür profitéiert hunn.. De Bevirdeelegten, dee vläicht exzellent Referenzen huet an en Ass op sengem Gebitt ass, weess net, ob dat him d’Plaz bruecht huet oder ob et dach vläicht seng Hautfaarf oder säi Geschlecht war. Säin Aarbechtskolleeg kuckt hie schif als een, deen de Job ergattert huet, ouni e Fanger kromm ze maachen. An eventuell Clienten kënne sech froen, ob si elo mat engem inkompetente Mataarbechter ofgespeist ginn.
Dat dierft de Grond sinn, datt Afroamerikaner zu deene gréisste Kritiker vun engem System zielen, dee vu Wäisse (1961 vum John F. Kennedy) fir si erfonnt ginn ass. D’Fro sief erlaabt, ob et net déi profitabel Maschinerie, déi hei a Beweegung gesat ginn ass, war, déi vill vu soziale Spannunge geschaf huet. E gudden Deel, vun den Aussoe vum Charly Kirk, déi vu senge Géigner als Rassismus interpretéiert ginn, ass en Hannerfroe vun der Kompetenz vu Leit, déi hir Plaz net duerch hir berufflech Qualifikatioun kritt hunn. 2024 huet d’Iewescht Geriicht an den USA affirmativ Aktioun opgrond vun der Rass verbueden.
Do ware Lëtzebuerg an d’EU grad monter derbäi, e puer Schëppe bäizegeheien, wat d’Bevirdeelegung vu Fraen an anere Gruppen ob Aarbechtsplazen ugeet. A well an Europa alles méi grouss, méi schéin a méi intelligent soll sinn, wéi an den USA, hu si Positioune viséiert, déi per se héchste Qualifikatioun verlaangen, politesch Mandater a Spëtzepositiounen an der Wirtschaft.
Lëtzebuerg huet mat der Fërderung vu benodeelegte Gruppen (wéi Fraen an LGBQT, fir nëmmen déi ze nennen) esou richteg lassgeluecht, wéi déi zwou gréisste Stied vum Land Fraen als Buergermeeschter haten an d’Regierung vun engem Homosexuelle gefouert ginn ass. Wat natierlech d’Fro opwerft, ob mäi klengt Land esou Aktiounen iwwerhaapt néideg huet.
D’Uni Lëtzebuerg huet op eemol véier leedend Fuerschungsplaze fir Frae reservéiert. D’Kandidatinne fir déi Poste wäerte gutt a gär 6 bis zéng Joer Unisstudium hannert sech hunn. Wa si duerno net kapabel sinn, sech an engem normale professionell-wëssenschaftleche Selektiounsverfaren géint männlech Kollegen duerchzesetzen, da si si kaum geeegent, e Fuerschungsdepartement an der haarder internationaler Fuerschungskompetitioun ze féieren. Dee Bonbon vum Rektorat ass fir dës Damme wuel éischter als Frechheet ze gesinn, deen hinnen eng effikass a leedend Aktivitéit wäert vill méi schwéier maachen.
Kucke mer eist gutt aalt Vulleparlament och nach kuerz, dat zënter zwou Nationalwalen (2018) aus Quotelëschten zesummegesat gëtt. Abee 2023 sinn 18 Fraen an d’Chamber gewielt ginn, manner (!) ewéi 2018 (22). Dat seet wéineg iwwer hir Kompetenz, mee vill iwwert d’Akzeptanz vum Wieler.
Iwwregens: Fir déi Frae-Quote bei Nationalwalen duerchzesetzen, gëtt e Gesetz mëssbraucht, dat d’Parteiefinanzéierung sollt fair reegelen. Fir kleng Parteie war déi Reegelung zwar ni wierklech fair, mee zousätzlech fäerte si elo finanziell Aboussen, wann net “genuch” Fraen op de Lëschte sinn. D’Gesetz, dat d’Onofhängegkeet vun de Parteie sollt garantéieren an duerfir och an der Chamber gestëmmt ginn ass, forcéiert dës elo, hir Kandidatelëschten, hir Visitekaart also, no Regierungswonsch ze gestalten.
Kee streit d’Tatsaach of, datt iwwert de Weltglobus verdeelt ongeféier esou vill Frae wéi Männer liewen. Kee streit awer och d’Tatsaach of, dat méi wéi d’Hallschent vun de féirende Wirtschaftspositioune vu Männer besat sinn. Zwou Tatsaachen ouni iergendee Bezuch: Ass deen ee Fakt méi wäert ewéi deen aneren, esou datt een dëse misst änneren? A firwat gëtt d’Paritéit net och a Sportsekippe gefuerdert (wat op mannst am Fussball mat sengen 11 Spiller schwéier wär)? Oder bei den Enseignanten, wou Frae vun der Spillschoul bis Enn Sekondär eng grouss Majoritéit hunn. Ass an dësem liewenswichtege Feld, wou de Staat an der Verantwortung steet, keng Nohëllef fir e besseren Ekiliber vun de Geschlechter néideg?
Gläichzäiteg sech widderspriechend Fakten ze gleewen, nennt de George Orwell als een Zeeche vun Diktatur “Double Talk”. Wat anescht ass et, wa Fraen massiv d’Schoul an domat Kannerbetreiung an Erzéiung als Aarbechtsfeld wielen an domat déi Rolleverdeelung, déi d’Quotereegelung wëll opbriechen, bestätegen, an awer eventuell als Enseignant de Feminismus héichhalen?
Et mécht mär Angscht, wéi Regierungen an net gewielten international Institutiounen ëmmer méi ongenéiert ideologesch an net steierlech motivéiert Reegelungen erfannen, déi Auswierkungen op d’Profitabilitéit vu Betriber kënnen hunn (bei manner qualifizéierte Quote-Salariéen) oder esouguer op eis Demokratie an op d’Onofhängegkeet vun eise Parteien. Am Numm vun enger Ideologie, déi emol net usazweis de Beweis erbruecht huet, datt paritätesch gefouert Betriiber oder e paritätescht Parlament wierklech besser géinge schaffen, jo dat emol net probéiert huet. Dat gëtt einfach behaapt an dierft och mat objektiver wëssenschaftlech fundéierter Statistik net ze beleeë sinn. Et gëtt kee Beweis, datt mer an engem Matriarchat manner Weltkricher gehat hätten.
Natierlech kann ee bei engem gesellschaftleche Konsens fir gewësse Gruppen, déi als benodeelegt gesi ginn, ze hëllefen, vu staatlecher Säit agräifen. Mee ass eng phantasielos Quot net och en Aarmutszeugnis fir d’Politik? Fënnt déi näischt besseres, ewéi eng Lat ze leeën, déi just mat engem Krittär, deen och nach null Relevanz fir déi weider Aktivitéit huet, kann iwwerspronge ginn? Geziilt Fërderung geet anescht a fänkt wéi esou dacks an der Schoul un. An esou wéi een all Mëssstänn op der Welt an der Wirtschaft net de Männer soll ukreiden, wëlle mer dann der Schoul hirt Versoen aan déi allgemeng Nivelléierung no ënnen bei dëse gesellschaftlechen Themen net de Fraen ukreiden.
Datt jidderee gläich ass virum Gesetz, ass eng generéis (wann och net wierklech realistesch Iddi. Si sollt net mat Moossname verwässert ginn, déi eenzel Gruppe méi gläich wéi anerer maachen.






























