Category: Wirtschaft

  • Mäi léifste Subkontinent

    Europäesch Industrie am Musée, europäesch Militärbauten an der Karibik a chinesesch Schnellzich duerch Afrika (Kenya): déi nei Zäit

    Bei den originale Post
    English
    Deutsch
    Español
    Français

    Ech si vill duerch Europa gereest a konnt mech vu senger Schéinheet, senger vergaangener Gréisst a senger onwarscheinlecher Verschiddenheet iwwerzeegen. Ee grousse Moment an e groussen Aha fir mech war am Fréijoer 2001. Ech si mam Zuch duerch Wales gefuer an hunn do eng vereelste Schmelzelandschaft schaffe gesinn, wéi ech si schonn 30 Joer laang zu Lëtzebuerg net méi gewinnt war. Eisen europäesche Räichtum war d’Industrie, déi sech esou séier verännert huet (an därer hir Ufäng an England an an Däitschland mat gestuelenem Gold aus Amerika finanzéiert gi sinn). 1


    Ech si grouss ginn am feste Glaf, an der beschter vun alle Géigenden ze liewen, um Nuebel vun der Welt. E Bléck an all Atlas huet mer bewisen, datt et esou war. 2Do war Europa: am Zentrum vun der Welt. Waren net d’USA, war net Australien an e bëssen esouguer Indien e Stéck Europa? An dat verzweifelt a batteraarmt Afrika huet d’Europäesch Unioun nogemaach mat der UA fir iergendwéi aus sengem Misär erauszekommen. Alles war gutt.


    Natierlech war ech och an net europäesche Kulturen op Besuch. Och do waren Zeien ze gesi vun der mënschlecher Kreativitéit, vun Erfindungsräichtum, vu Muecht a vun enger immenser Intelligenz. Mee bis an d’Dominikanesch Republik waren déi kleng spatz Tiirmecher, déi ee bei eis iwwert der Uelzecht gesäit, oder aner Symboler als Zeeche vun europäescher Iwwermuecht. Eis Feinden, alles Barbaren: Hunnen, déi hiert Fleesch ënnert dem Suedel gekacht hunn, Ottomanen, déi just gutt ware fir an zwee gespléckt ze ginn, Indianer, déi gedanzt hu fir Reen ze kréien, a (méi rezent) Russen, Baueren, déi mat Superkaddoe (Grünes Gewölbe) probéiert hunn, Aristokraten ze ginn, ier se mam Kommunismus hir Baueren erhingere gelooss hunn. Dat Weltbild hunn ech geléiert.

    Virun zwee Joer huet Peru mech geschockt. Geothermesch Agrikulturlaboën, Tempelen ouni Mënschenaffer a Machu Pichu hu mech vun der Europa-Vue definitiv geheelt. En héich kultivéiert Indio-Räich, wat e puer spuenesch Banditten a kuerzer Zäit ruinéiert haten. A wat an der europäescher Weltsiicht, anescht wéi China oder Japan, wierklech nëmmen nach eng Foussnout ass. Scho virdrun hat ech am Luxemburger Wort e Leitartikel geschriwwen. Wann ee vu San Franzisko géing iwwert de Pazifik kucken, wär Europa ganz wäit ewech, stoung dodran. Datt déi europazentréiert Weltkaart e politescht Muechtinstrument war, wat d’Gréisst vun de Länner, hir Demographie an hir Buedemschätz falsch erëm géing spigelen, ass ëmmer méi kloer ginn. Wann Indien en asiatesche Subkontinent ass, ass Europa kaum méi.

    Iwwerschätzung a falsch Aschätzung sinn als temporären Iertum ze verkraften a kënne korrigéiert ginn. Wéi e Mënsch kann e Land sech un nei Muechtverhältnisser gewinnen. Virun e puer Méint huet e Bliederen duerch dem gudden alen Huntington säi berüümte Bestseller mer eppes virun Ae gehalen: Buchstieflech all Warnung vun deem unerkannten Auteur gëtt vun der heideger EU mat zween Ae fest zougepëtzt ignoréiert. 3 D’europäescht Optrieden an der Welt geschitt mat enger Iwwerhieflechkeet wéi wann d’europäesch Weltkaart Realitéit wär. Mär Europäer raschten op eisem (industriellem) Räichtum, erfannen ëmmer nei Weeër fir der Industrie d’Existenz sauer ze maachen an erklären der Welt, wéi si hir Ressourcen ze schounen hätt. Iwwerdeems kommen a China an an Indien all Joer dräi Milliounen Ingenieuren aus de Schoulen an an internationale Statistiken, tauchen europäesch Ingenieure an der Ausbildung scho guer net méi a relevanten Zuelen op. 4 Mär bilde léiwer Spezialisten a Genderstudien aus. Esou wéi mer fréier Glaspärelen un d’Urbewunner verdeelt hunn, komme mer haut mat EU-blo-wäisse Plastiksbarriären, fir datt keen Offall an d’Mier geréit. An da wonnere mer eis, datt China, dat iwwerdeems an dëse Länner Autobunnen an Zuchstrecke baut, d’Konzessioune krit fir déi seelen Äerden, déi mär bluttnéideg géinge brauchen, a sief et nëmme fir eisen Elektrifizéierungswansinn iergendwéi realistesch wierken ze loossen.


    [i]

    [ii] Top 10 Countries Producing the Most Engineers in 2025 [Google hëlleft]

    Europa weess schonn iwwer 50 Joer laang, datt d’Gebuerten an eiser Géigend net duergi fir de Bedarf un Aarbechtskraaft, deen de Wirtschaftswuesstem eis bréngt, ze decken. Duerfir ( an net aus engem Gefill vu Gläichberechtegung) hu mer ëmmer méi vun eiser weiblecher Bevëlkerung schaffe geschéckt a betreien de Nowuess elo mat enger neier Industrie (Crèchen, Préscolaire a Schoul), déi eis an engems erlaabt, d’Kanner fréi ze beaflossen an ze kontrolléieren. Manner Kanner a Migratioun sinn eis Äntwerten op eng Demographie, déi eise Wuelstand net méi garantéiere kann. Koppelen hëllefen, méi Kanner an d’Welt ze setzen, gëtt an de 1970er Jore, wéi de Problem erkannt gouf, als “Lapinismus” an Agrëff an d’Privatsphär verdäiwelt, awer d’Leit fir vegaant Iessen begeeschteren, fir de Klima ze retten, ass ok! (Ech muss selwer laachen, datt de Kanengechersvirworf fir déi zwee Fäll ka verstan ginn, léif Frënn vun der Wuerzel.)

    E gudden Deel vun der europäescher Groussaartegkeet war ab dem 15. Joerhonnert och a virun allem op militäresch Muecht zeréckzeféieren. Nom Zweete Weltkrich awer besonnesch nom Kale Krich huet Europa decidéiert, vum grousse Brudder Amerika ze profitéieren an huet säi Militär verkomme gelooss. Maassgeeblech doru bedeelegt war iwwregens eng gewësse Madamm von der Leyen, deemols däitsch Verdeedegungsministerin. Haut wëllt déi Damm Europa an e Krich mat Russland féieren. D’Welt verännert sech rapid, an d’Länner musse flexibel op déi nei Uerdnunge reagéieren. Mee an der EU gëtt de Regulatiounskorseli ëmmer méi enk gestréckt, fir deene 27 Länner bis an d’Steierpolitik eran ëmmer manner Spillraum ze loossen. Mär Europäer hunn d’Klack net lauden héieren, a mer loossen déi Daf eis Zukunft bestëmmen.

    Et ass nëmmen eng Fro vun der Zäit, bis dee Räichtum, deen iwwer Joerhonnerten op Käschte vum Rescht vun der Welt ugeheeft ginn ass, net méi duergeet, fir de Liewensstandard, un dee mer eis gewinnt hunn, ze sécheren. De Mëttelstand spiert dat elo schonn, europawäit. Awer mer sinn als Mënschen a Wieler esou gefaang an eisem System, datt mer wéi den Hues virun der Schlaang op d’EU kucken an op e Wonner waarden. O-Toun Bréissel: “Mär brauche méi EU fir déi Zopp auszeläffen, déi d’EU eis gebratscht huet.” Wierklech? Wat gutt klappt? Ewéi Schamanen danzen eis Politiker elo fir de Klima ze retten. Allerdéngs mam nemmlechte Succès wéi déi al Naturvëlker.

    Europa haut ass e bëssen eppes wéi d’Pokalsammlung vu Schalke 04: Vill vergaange Gréisst, mee keng Kompetenz, keng Loscht a keng Wäitsiicht fir eng Verbesserung an der Tabell ze erhoffen. Europa mag am Kapp vu villen nach ëmmer de Nuebel vun der Welt sinn, mee dat ass no der Gebuert jo och en zimmlech iwwerflëssege Kierperdeel. A genee esou gi mär ëmmer méi vun ëmmer méi Länner gekuckt. Ouni Sympathie iwwregens, well ze laang ware mer de räichen, iwwerhiefleche Besserwisser, dee Monni, deen aneren mat engem veruechtende Grinse gesot huet, wéi domm a wéi schlecht an ondemokratesch si wären.

    Eng exzellent Lektür iwwert den europäesche Räichtum: Eduardo Galeano, “Les veines ouvertes de l’Amérique latine”.

    1. Eng exzellent Lektür iwwert den europäesche Räichtum: Eduardo Galeano, “Les veines ouvertes de l’Amérique latine”. ↩︎
    2. Hei ass e flott Geschier fir d’richteg Gréisst vu Länner ze vergläichen: This Map Tool Lets You See Just How Distorted the Mercator Projection Is [Google hëlleft] ↩︎
    3. Samuel P. Huntington, The Clash of Civilizations  ↩︎
    4. Top 10 Countries Producing the Most Engineers in 2025 [Google hëlleft] ↩︎
Is this your new site? Log in to activate admin features and dismiss this message
Log In